Pol Greisch
Autor*in von Tëscht Kaz a Kueder.
Lebenslauf
De Pol Greisch, Joergank 1930, spillt zënter 1953 Theater a lëtzebuergeschen, franséischen an däitsche Stécker, ass a Radiospiller a Filmer derbäi, schreift Gedichter a Prosa (ë. a. an der „Warte“, de „Cahiers luxembourgeois“, dem „Lëtzebuerger Almanach“, der „Galerie“, bei „Arts et Lettres“), haaptsächlech awer lëtzebuergesch Theaterstécker, vun deenen opgefouert goufen: „Äddi Charel“ (1966), „Besuch“ (1969), „Ënnerwee“ (1978), „E Sieschter Räinetten“ (1980), „Grouss Vakanz“ (1980), „Viru mam Jabel“ (1981), „Margréitchen“ (1986), „De Bucki“ (1986), „De laangen Tour“ (1988), „Kellerzerwiss“ (1992), „E Stéck Streisel“ (1992), „E Platten“ (1995), „Léiwe Kleeschen“ (1997), „Eng Heemelmaus“ (1999), „Wanter & Aarme Louder“ (2001), „Kiischtebléien“ (2003), „Belle-Ile & Fënsterdall“ (2008), „Dame blanche“ (2010), „Äiskal“ (2015). 2000 koum „Fir meng Mamm, aus engem laange Bréif“ (Les Cahiers luxembourgeois) eraus; 2004 de Roman „Mäi Frënd Benn“ (Phi); 2009 „D’Sonnesäit“, „Gedichter a Geschichten“ (Phi); 2012 „De Monni aus Amerika, Geschichten“ (ultimomondo). Präméiert goufen ë. a.: 1979 „Grouss Vakanz“ mam 1. Präis am Concours littéraire national; d’Trilogie „Äddi Charel – Besuch – E Stéck Streisel“ mam Prix Servais 1993; 2002 säi Liewenswierk mam Prix Batty Weber an „De Monni aus Amerika“ mam Prix Servais 2013.
Quelle: Verlag / vlb
Alle Bücher von Pol Greisch
Tëscht Kaz a Kueder
Erschienen am 11.06.2017
Neue Rezensionen zu Pol Greisch
Neu
Zu diesem Autor gibt es noch keine Rezensionen.
Gespräche aus der Community
Neu
Starte mit "Neu" die erste Leserunde, Buchverlosung oder das erste Thema.